Anton Diffring

Anton Diffring
Gebuertsnumm Alfred Pollack
Gebuer 19. Oktober 1916
Koblenz
Gestuerwen 20. Mee 1989
Châteauneuf-Grasse
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Den Anton Diffring, gebuer als Alfred Pollack den 20. Oktober 1918 zu Koblenz, a gestuerwen den 20. Mee 1989 zu Châteauneuf-Grasse a Frankräich, war en däitsche Schauspiller.

Den Anton Diffring huet Schauspill zu Wien a Berlin studéiert. 1939 huet hien Däitschland verlooss. Seng Karriär beim Film huet sech am Ufank a Groussbritannien ofgespillt. Spéider krut hien awer och Rollen an US-amerikaneschen an europäesche Filmer.

Hie war an iwwer 130 Kinos-an TV-Filmer ze gesinn.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search